28 Mars 2024

"Mois du Don" 2024: Hëlleft eis hëllefen!

Vum 30. Mäerz bis den 30. Abrëll 2024 organiséiert d’ Lëtzebuerger Rout Kräiz de Mois du Don, e wichtegt Evenement, bei deem Benevoller sech engagéieren, fir Spenden ze sammelen.

Déi leschte Jore waren alles anescht ewéi roueg. Et koum eng Kris no där anerer, an dat séier hannerteneen. Wärend de Réckgang vun der Pandemie op eng gewëssen Entspanung um sozialen a gesondheetleche Plang hoffe gelooss huet, goufen duerch de Konflikt an der Ukrain an d‘ Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien, Millioune vu Leit aus hirer Heemecht verdriwwen, wäit vun hirem Doheem ewech.

D’ Follgen dovunner si bis an eist Land ze spieren D’ Hausse vun den Energiepräisser a vun de Präisser fir liewenswichteg Produite bréngt de Budget vu Leit mat méi engem klengen Akommes a Gefor, sou datt d’ Hëllef vum Lëtzebuerger Roude Kräiz fir déi Vulnerabelst ënnert eis iwwerliewenswichteg gëtt.

De ganzen Abrëll iwwer engagéiert d‘ Rout Kräiz sech an Ärer Gemeng Dikrech, fir d’ Aktivitéite vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ze ënnerstëtzen.

De Mois du Don ass eng immens wichteg solidaresch Aktioun fir Spenden ze sammelen, déi et dem Lëtzebuerger Roude Kräiz erlaben, seng Aarbecht weiderzeféieren an deenen, déi et brauchen, ënnert d’ Äerm ze gräifen. D’ Besoine sinn 2024 och weiderhi ganz héich, an Dir kënnt hëllefen, onofhängeg vun der Héicht vun Ärem Don. All Spend zielt!

Déi Lokalsektioun engagéiert sech aktiv bei Ärer Gemeng, fir d’ Aktivitéite vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ze ënnerstëtzen. „De Mois du Don erméiglecht et, d’ Aktioune vun der Croix- Rouge fir déi Jugendlech, vun deene sech der vill no der Pandemie isoléiert fillen, oder fir méi bescheide Stéit, déi ënnert der Inflatioun leiden, ze ënnerstëtzen“, ënnersträicht Danièle WAGNER, President vun d‘ Lokalsektioun vun Dikrech „Mir soen all deenen, déi eis um lokale Plang ënnerstëtzen, en häerzleche Merci fir hir Generositéit. Si hëllefen eis domat, weiderhin aktiv ze bleiwen an deenen, déi eis Hëllef brauchen, bäizestoen.“

Iwwer d’ Grenze vu Lëtzebuerg eraus wäert Är Solidaritéit bis an d’ Ukrain ze spiere si, wou eis humanitär Ekippe Familljen, Fraen a Kanner ënnerstëtzen, déi Affer vum Krich gi sinn. Och aner geografesch Zonen, besonnesch déi afrikanesch Länner ënnert der Sahara, profitéiere vun der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, an Zesummenaarbecht mat de lokale Partner. Zesummen hëllefe mir all dëse Leit, ouni Diskriminatioun, e mënschewierdegt Liewen ze féieren.

Wéi kënnt Dir d’ Rout Kräiz wärend dem Mois du Don ënnerstëtzen?

Dir hutt verschidde Méiglechkeeten, fir Iech wärend dem Mois du Don mat enger Spend solidaresch ze weisen:

  • Wann d’ Lokalsektioun vun Ärer Gemeng bei Iech heem kënnt oder en avis de passage
  • Mat engem Virement op de CCPL LU52 1111 0000 1111 0000 (Kommunikatioun: Mois du Don 2024);
  • Mat enger Bankkaart op www.croix-rouge.lu;
  • Mat engem Uruff op der Telefonsnummer 2755.

Wärend dem Mois du Don hannerleeën d’ Spendesammler vum Lëtzebuerger Roude Kräiz mat Sécherheet en Informatiounsblat bei Iech, op deem Dir all déi néideg Informatioune fannt, fir Ären Don ze maachen. De Mois du Don gëtt och a verschiddene Medien an op de soziale Reseauen annoncéiert, an och hei hutt Dir d’ Méiglechkeet, en Don ze maachen. Verpasst dat net a weist Iech solidaresch!

Mir zielen op Iech! Merci.

Ce site utilise des cookies. En continuant la navigation sur le site de la Ville de Diekirch vous acceptez notre politique concernant l’usage des cookies. Pour gérer vos préférences et en savoir plus sur les cookies, veuillez lire notre Notice Légale